Désirée Nosbusch

Article on other languages:

del.icio.us del.icio.us
Digg Digg
Furl Furl
Reddit Reddit
Rojo Rojo
Add to OnlyWire
Dat ass d'Désirée

D'Désirée Nosbusch ass eng lëtzebuergesch Schauspillerin déi och Televisounssendungen moderéiert. Si ass de 14. Januar 1965 zu Esch-Uelzecht op d'Welt komm.

Inhaltsverzeechnis

Hir Carrière

Hir Carrière huet d'Désirée Nosbusch matt nëmmen 13 Joer beim däitschsproochege Radiosprogramm vun RTL ugefang. Hei huet se Kannersendunge co-moderéiert, mee geschwënn krut se eng eege Sendung (Hits von der Schulbank). Op der däitscher Televisioun huet se zesumme mam Anke Engelke eng Kannersendung am ZDF moderéiert, an och hei krut se geschwënn hir eegen Emissioun (Musicbox).

Matt 16 Joer dréit d'Désirée Nosbusch hiren éischte Film (Nach Mitternacht), gefollegt vun engem 2., dee fir Opreegung suergt, well de weiblechen Haaptpersonnage e Popstar, deen en unhimmelt, wuertwiertlech zum Friesse gär huet. Gläichzäiteg suergt se fir Zodi an der biderer däitscher Tëlevisiounslandschaft, well se sech an enger Sendung mam Bayresche Ministerpräsident Franz-Josef Strauss an d'Hoer kritt, an dofir matt Protestbréifer zougeschott gëtt.

Wéi dat Ganzt ufänkt zevill dees Gudden ze ginn, geet d'Désirée Nosbusch op New York an eng Schauspillschoul. Si kënnt awer hannescht op Lëtzebuerg, fir do 1984 de Grand Prix Eurovision de la Chanson ze moderéieren.

An de Joren dono pendelt se tëschent Europa an Amerika hin an hir. Se spillt regelméisseg a Filmer (Kino an Tëlevisioun) mat (dorënner e puer vum Andy Bausch) a moderéiert, virun allem op der däitscher Tëlee, verschidde Galaen a Variétésendungen.

2001, no enger Ausbildung vun e puer Joer als Regisseurin, realiséiert d'Désirée Nosbusch hiren éischte Kuerzfilm (Icecream Sundae), mamm Tippi Hedren an der Haaptroll.

D'Désirée Nosbusch huet 2 Kanner.

Filmer

als Schauspillerin

als Regisseur

Televisioun

Filmer

Moderatioun (Auswiel)

Interview

  • Youtube.com Désirée Nosbusch interviewt de Klaus Kinski (Zeit zu Zweit - 1985)

Triviales

D'Désirée Nosbusch ass ënnert verschiddenen Nimm am Film opgetrueden ('Becker' ass den Numm vun hirer Bomi):

  • Désirée Nosbusch
  • Désirée Becker
  • Désirée Becker-Nosbusch
  • Désirée Nosbusch-Becker

Linken

Kuckt och

Um Spaweck

This article is from Wikipedia. All text is available under the terms of the GNU Free Documentation License.