|
Article on other languages:
|
Den Euro, d'gemeinsam Währung vu 15 Memberstaate vun der Europäescher Unioun, zirkuléiert a Form vu 7 verschiddene Billjeeën (do dernieft ginn et 8 verschidde Mënzen). Des gofen den 1. Januar 2002 an Ëmlaf bruecht. Am Oktober 2006 ware bal 11 Milliarde Schäiner, mat engem Wäert vu bal 590 Milliarden Euro, am Ëmlaf.
AusgesinnEt ginn 7 verschidde Coupurën, déi all eng aner Faarf hunn. D'Motiver doropper representéieren d'Geschicht vun den europäeschen Architektur-stiler. Op der viischter Säit, dem Recto, si Fënsteren a Paarten ze gesinn, op der Récksäit, dem Verso, Brécken. Des solle Verbonnenheet an Oppenheet symboliséieren. Entworf huet se den Éisträicher Robert Kalina. Op allen 8 Billjeeën sinn den europäesche Fändel, d'Initiale vun der Europäescher Zentralbank a 5 Varianten (BCE, ECB, EZB, EKT, EKP), d'Ënnerschrëft vum President vun der Zentralbank, den Numm Euro a laténgescher a griichescher Schrëft, an eng Kaart vun Europa op der Récksäit.
Wou gouf de Schäin gedréckt, a ween huet en erausginn?Anescht ewéi d'Euromënzen hunn d'Eurobilljeeë keng national Säit, déi géif weisen, vu wou de Billjee hirkënnt. Dofir kann een um Buschtaf virun der Seriennummer gesinn, wat fir eng National Zentralbank de Schäin erausginn huet.
D'Buchstawe W, K a J si reservéiert fir déi Länner, déi den Euro nach nët agefouert hunn. Op der viischter Säit verstoppt ass de Code, duerch deen d'Dréckerei z'erkennen ass: de Plakke-Code. An der éischter Tabell uewe steet, wou de Code ze fannen ass. De Buchstaf steet fir d'Dréckerei (kuckt hei drënner) D'Coden A, C an S si reservéiert fir Dréckereien, déi bis ewell keng Billjeeën drécken. D'Dréckerei muss net noutwennegerweis an deem Land sinn, dat de Billjee erausgëtt: Sou sinn z.B. verschidde finnesch Eurosschäiner an enger englescher Dréckerei gedréckt ginn. De Buchstaf an d'Ziffer um Wupp vum Code ginn un, wou de Schäin um Drockerbou war: A1 ass uewe lénks, J6 ass ënne riets.
Biller vun de Billjeeën
LinkenKuckt ochUm Spaweck
|
This article is from Wikipedia. All text is available under the terms of the GNU Free Documentation License.