KPL

Article on other languages:

del.icio.us del.icio.us
Digg Digg
Furl Furl
Reddit Reddit
Rojo Rojo
Add to OnlyWire
Logo Parteizentral
Image:KPL.png
Basisdonnéen
Grënnungsdatum: 2. Januar 1921
Parteipresident: Ali Ruckert
Vizepresident: Gilbert Simonelli
Trésorier: Georgette Schweich
Websäit: www.kp-l.org

D'Kommunistesch Partei Lëtzebuerg (KPL) ass eng Lëtzebuerger politesch Partei.

Inhaltsverzeechnis

Geschicht

D'Kommunistesch Partei Lëtzebuerg ass den 2. Januar 1921 zu Nidderkuer, duerch eng Ofspléckung vun der Sozialistescher Partei, gegrënnt ginn.

An der Tëschekrichszäit hat s'et net einfach: den Zénon Bernard, hiren éischten Députéierten, deen 1934 an d'Chamber gewielt gouf, krut säi Mandat entzunn, an e Versuch vun der konservativer Bech-Regierung, d'KPL duerch e Gesetz verbidden ze loossen, gouf 1937 duerch den Ausgang vum Referendum zum Uerdnungsgesetz (besser bekannt als Maulkuerfgesetz) knapps verhënnert.[1]

Am Zweete Weltkrich war d'KPL vum Nazi-Okkupant verbueden, an hir Memberen hu missen ënnerdauchen, wou vill vun hinne sech an der Resistenz organiséiert hunn.[2] Nom Krich ass hir dat ugerechent ginn, a si gouf e feste Bestanddeel vun der Lëtzebuerger Parteielandschaft. Trotz der Polariséierung am Kale Krich hat si am Aarbechtermilieu trei Unhänger. 1968 hat d'KPL sechs Deputéierten an der Chamber, an a Südgemenge wéi zu Esch war si am Schäfferot an huet hei an s do och de Buergermeeschter gestallt.

Nom Zesummebroch vum Kommunismus an Osteuopa an an der Sowjetunioun, ëm 1990, ass et och mat der KPL rapid biergof gaangen. Dozou hunn och Spléckunge bäigedroen: en Deel vun hire Memberen, wéi den André Hoffmann, déi eng méi kritesch Analys vum Stalinismus haten, hunn 1993 d'Nei Lénk gegrënnt. Souwuel d'KPL wéi Nei Lénk hu sech 1994 un de Chamberwale bedeelegt (mä d'Nei Lénk just am Bezierk Süden): d'Nei Lénk krut kee Sëtz an d'KPL huet hire leschte Sëtz verluer a war fir d'éischte Kéier an der Nokrichszäit net méi an der der Chamber. 1999 gouf Déi Lénk gegrënnt, un där sech och d'KPL bedeelegt huet. Zesummen hunn déi zwou Formatiounen nach vun 1999-2004 een Deputéierte "gedeelt"; 2004 konnte se sech net méi op e Walbündnis eenegen, a weder Déi Lénk nach d'KPL sinn zënterhir méi am Parlament vertrueden.

Literatur zum Thema

  • Stéphanie Kovacs: Communisme et anticommunisme au Luxembourg 1917-1932, Lëtzebeurg, Rapidpress, 2002, 457 Säiten
  • Ali Ruckert: Geschichte der Kommunistischen Partei Luxemburgs, Teil 1: 1921-1946, Lëtzebuerg, KPL, 2006, 176 Säiten
  • Ali Ruckert: Geschichte der Kommunistischen Partei Luxemburgs, Teil 2: 1947-1954, Lëtzebuerg, KPL, 2007, 176 Säiten

Quellen

  1. Déi Lénk: "Das Maulkorbgesetz: Daten und Fakten"
  2. Histoprim: "Die organisierte Resistenz in Luxemburg"

Linken

Kuckt och

Um Spaweck

More about KPL: kpl gas, open a kpl file,

This article is from Wikipedia. All text is available under the terms of the GNU Free Documentation License.