|
Article on other languages:
|
Lëtzebuerg, offiziell d'Groussherzogtum Lëtzebuerg, ass e Land an Europa, dat tëschent Däitschland, der Belsch a Frankräich läit. Et huet eng Fläch vun 2586 km² a ronn 450.000 Awunner. Lëtzebuerg ass Member vun der UEBL, dem Benelux, der Europäescher Unioun, der OECD an der NATO.
GeschichtAm Joer 963, op Pällemsonndeg, huet den Ardennergrof Siegfried mam Klouschter Sankt Maximin vun Tréier Lännereien zu Feelen géint de Bock, op dem e Kastell mam Numm „Lucilinburhuc“ stung, getosch. Ronn 500 Joer laang war Lëtzebuerg dunn eng onofhängeg Grofschaft (vun 1354 un: Herzogtum), bis datt 1437 d'Haus Lëtzebuerg ausstierft an d'Land en Deel vun der Bourgogne gëtt, a kuerz dono vun de südlechen Néierlanden, deenen hir Hären a Meeschtern et och deelt (dorënner Frankräich, Spuenien an Éisträich). Während deene ronn 400 Joer Friemherrschaft gouf Lëtzebuerg och eng éischte Kéier gedeelt, an zwar 1659 duerch den Traité vun de Pyrenäen. Um Wiener Kongress 1815 gouf Lëtzebuerg vun den europäesche Groussmächt zum "onofhängege" Groussherzogtum ernannt, mee et huet Gebidder u Preisen missen oftrieden. Den hollännesche Kinnek Wëllem I. gëtt och Groussherzog vu Lëtzebuerg. 1839, néng Joer no der Grënnung vun der Belsch, gëtt déi heiteg Provënz Lëtzebuerg der Belsch zougedeelt. 1848 kritt Lëtzebuerg seng éischt eege Constitutioun, déi eng vun deen deemools liberalste war, mee schonns 1856 vum Kinnek selwer nees ausser Kraaft gesat gouf. 1867, fir e Krich tëschent Preisen a Frankräich ze verhënneren, gëtt zu London Lëtzebuerg als fir ëmmer neutral an onofhängeg erklärt. 1890 huet dat hollänescht Herrscherhaus vun Oranien-Nassau kee männlechen Nokomme fir op de lëtzebuergeschen Troun, an esou kritt d'Land säin "eegent" Herrscherhaus (dat vun Nassau-Weilburg). D'éiweg Neutralitéit hënnert 1914-1918 a 1940-1944/45 d'Däitscht Räich net dorunner, Lëtzebuerg am Éischten an am Zweete Weltkrich ze besetzen. Am Zweete Weltkrich gëtt Lëtzebuerg de facto wéi e Reichsgebiet behandelt. Am Ufank mat schéi Schwätzen, dono mat Terror, probéieren d'Besatzer, d'Lëtzebuerger dovunner z'iwwerzeegen, datt si Heim ins Reich gehéieren. Eng lëtzebuergesch Minoritéit, déi ofschätzeg "Gielemännercher", genannt gouf, huet mat den Nazië collaboréiert. Vun 1942 u mussen d'Lëtzebuerger an d'Wehrmacht. 1944/45 gëtt den Norde vum Land wärend der Ardennenoffensiv uerg zerstéiert. Nom Krich gëtt Lëtzebuerg seng Neutralitéit op a gëtt Member vun enger Rëtsch supranationalen Organisatiounen. PolitikLëtzebuerg ass eng repräsentativ Demokratie, a Form vun enger konstitutioneller Monarchie mat engem Groussherzog als Chef vum Land. D'SproochD' Nationalsprooch zu Lëtzebuerg ass Lëtzebuergesch. Zënter dem Gesetz vun 1984 ass Franséisch d' Legislativsprooch, a gëtt och vun den Immigrante vill geschwaat. Ausserdeem gëtt nach vu 14% vun de Leit Portugisesch geschwaat, a vill Leit schwätzen nach Englesch. Distrikter a KantonerLëtzebuerg ass an dräi Verwaltungsdistrikter: an an zwielef Kantonen agedeelt. GeographieGeologieEconomieZu den Haaptentreprisen zu Lëtzebuerg zielen (klasséiert no der Zuel vun hiren Employéen): Arcelor, Goodyear, Groupe Cactus, CFL, Fortis-BGL, Dexia, Luxair, Pedus Service, BCEE, Groupe Guardian, Du Pont de Nemours, Kredietbank, Groupe Courthéoux-Match, Cargolux, Groupe Saint-Paul, TDK Recording Media Europe, Brink's Security Luxembourg, ING, Groupe Céramétal, BNP Paribas Luxembourg, Auchan Luxembourg. DemographieKultur2007 war Lëtzebuerg mat der Groussregioun Kulturhaaptstad vun Europa. AudiovisuelLëtzebuerg huet joerzéngtelaang eng Pionéierroll a puncto europawäite kommerzielle Radio- (zënter 1929) an Tëlëvisiounsprogramme (zënter 1954) gespillt. Haut nach huet d'RTL Group hei hire Sëtz. 1988 gouf deen éischte Lëtzebuerger Televisiounssatellit, Astra 1A op Orbit geschéckt; eng sëlleche koumen der no, déi vun der SES Astra, déi hei hire Sëtz huet bedriwwe ginn. An deene leschte Joerzéngte huet och d'Lëtzebuerger Filmproduktioun en Opschwong erlieft, ongeféier 40 Produktiounsfirme ginn et am Land. Den Numm "Lëtzebuerg" an anere Sproochen
LinkenKuckt ochUm Spaweck
Memberstate vun der EU
Belsch - Bulgarien - Däitschland - Éisträich - Dänemark - Estland - Finnland - Frankräich - Griicheland - Groussbritannien - Irland - Italien - Lettland - Litauen - Lëtzebuerg - Malta - Holland - Polen - Portugal - Rumänien - Schweden - Slowakei - Slowenien - Spuenien - Tschechesch Republik - Ungarn - Zypern Memberstate vun der NATO
Belsch - Bulgarien - Däitschland - Dänemark - Estland - Frankräich - Griicheland - Groussbritannien - Holland - Island - Italien - Kanada - Lettland - Litauen - Lëtzebuerg - Norwegen - Polen - Portugal - Rumänien - Slowakei - Slowenien - Spuenien - Tschechesch Republik - Tierkei - Ungarn - USA
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
This article is from Wikipedia. All text is available under the terms of the GNU Free Documentation License.