|
Article on other languages:
|
Schottland (Englesch / Scots: Scotland, Schottesch-Gälesch: Alba) ass eent vun de véier Länner vum Vereengte Kinnekräich vu Groussbritannien an Nordirland. Schottland zitt sech iwwer dat ganzt nërdlecht Drëttel vun der Insel Groussbritannien a grenzt am Süden un England.
Geographie
De Ben Nevis
Schottland gëtt an dräi geographesch Regiounen agedeelt. Et sinn dat vun Norden no Süden: d'Highlands, de Central Belt an d'Southern Uplands. De Central Belt an d'Southern Uplands ginn dacks ënner dem Begrëff Lowlands zesummegegraff. Lowlands ass keng strikt topographesch Kategorie, mee éischter en historesch-kulturellen Terme mat deem gemenkerhand alles gemengt gëtt wat net zu den Highlands gehéiert. Déi südlech geleeën, méi liicht zougänglech Lowlands hu vis-à-vis vum traditionelle gäleschen Héichland méi en englesche Cachet. Dat erkläert och muench kulturell Ënnerscheeder tëschent den zwou schottesche Regiounen.[3] Mat sengen 1 344 Meter ass de Ben Nevis bei Fort William net nëmmen den héchste Bierg vu Schottland, mee vun de briteschen Inselen iwwerhaapt. Hie gehéiert zu de sougenannte Munros. Zu Schottland gehéieren och ronn 800 Inselen (130 dovu si bewunnt). Déi gréisst Inselgruppe sinn d'bannenzeg an d'bausseg Hebriden nordwestlech vun der schottescher Küst an d'Orkneyinselen am Norden. Nordëstlech vun Orkney an nëmmen 280 km vun de Faröer ewech, leien d'Shetlandinseln, den nërdlechsten Deel vum Vereenegte Kinnekräich. BevëlkerungD'Schotte stamen, ethnesch gesinn, vun den Angelsachsen, Kelten a Skandinavier of. Déi meescht schwätzen Englesch oder Lowland. Eng Minoritéit, haaptsächlech op de westlechen Inselen zu Irland zou, schwätzt nach schottesch Gälesch. Virun der Vereenegung mat England am Joer 1707 gouf Lowland Scots um Gericht an am schottesche Parlament geschwat. Gutt zwee Drëttel vun de Schotte wunnen am Central Belt, d'Géigend tëschent de Groussstied Edinburgh a Glasgow. EconomieWährungA Schottland gëllt d'britescht Pond-Sterling. D´Bank of Scotland, d´Royal Bank of Scotland, béid zu Edinburgh, an d´Clydesdale Bank zu Glasgow, ginn eege schottesch Schäiner eraus. Et gi Schwieregkeeten, fir déi 1-Pond-Schäiner an England lass ze ginn, well et do keng 1-Pond-Schäiner gëtt. Notizen a Referenzen
Kuckt och
Um Spaweck
More about Schottland: reiseführer schottland, landkarte schottland, hearts highland in schottland volkslied well, gruppenreise schottland, klassenfahrt schottland, schottland reisen, aus fotografie revision schottland zeitgenossische, |
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
This article is from Wikipedia. All text is available under the terms of the GNU Free Documentation License.