Steckel

del.icio.us del.icio.us
Digg Digg
Furl Furl
Reddit Reddit
Rojo Rojo
Add to OnlyWire


Image:Qsicon Ueberarbeiten.png Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.


De Steckel wor den Numm vun engem Deel vum Waarmwalzwierk vun der Diddelenger Schmelz. Et ass den Numm fir e spezifeschen Typ vu Waarmwalzstrooss, déi speziell Ariichtungen huet fir d'Temperatur vum Stol, dee gewalzt gëtt, ze kontrolléieren. Doduerch gëtt et méiglech, méi schwéier Stolrouleaue bei gläicher Qualitéit ze walzen.

De Steckel wor laang Joren d'Häerzstéck vun der ARBED-Diddeleng. E wor an den 1950er Jore gebaut ginn. Säin Enn koum den 13. Januar 1984 mat der Décisioun, d'Flëssegphase vun der Diddelenger Schmelz - Héichiewen, Stolwierk a Waarmwalzwierk - zouzemaachen. Dëst am Kader vun engem Synergie-Accord an der Stolkris tëscht der ARBED a Cockerill-Sambre, deen zu Val Duchesse bei Bréissel getraff gi wor.

Déi lescht Schicht fir de Steckel wor den 30. November 1984. De leschte Rouleau Walzblech ass um 12.10 Auer aus dem Wierk komm. De Steckel hat eng Kapazitéit fir 745 000 Tonne Flaachstol am Joer ze walzen. 1982 woren et der effektiv awer just nach 465 000 Tonnen.

Quasi als Kompensatioun fir de Steckel gouf no 1984 e Kalwalzwierk zu Diddeleng gebaut, dat sougenanntent CVC-Gerüst. Et ass den 30. September 2005 ausser Betrib gaangen, wat dat definitivt Enn vun der Siderurgie an de Forge du Sud bedeit huet.

Kuckt och

This article is from Wikipedia. All text is available under the terms of the GNU Free Documentation License.